Luxair melltFlich op Lanzarote an Neapel lescht Woch e Sonndeg aus Virsiicht ëmgedréint

RTL Lëtzebuerg
Leschte Sonndeg waren zwee Flich, een op Lanzarote an een op Neapel, aus Virsiichtsgrënn zréck op de Findel geflunn. Dat mellt d'Luxair RTL op Nofro hin.
© RTL Archiv

Wéi d’Luxair schreift, wieren de Fluch LG741 a Richtung Lanzarote an de Fluch LG591 op Neapel e Sonndeg de Moien aus Virsiicht ëmgedréint an op de Findel zréckkomm. Béid Maschinne wiere sécher an ouni Problemer zu Lëtzebuerg gelant. D’Passagéier wiere vun de Crewen informéiert ginn an zu kengem Moment a Gefor gewiescht.

D’Luxair preziséiert iwwerdeem, datt och wann een esou Stéierungen evitéiere wéilt, stéingen d’Sécherheet vun de Passagéier an de Crewen op éischter Plaz. A verschidde Fäll kéint dat dozou féieren, datt de Fliger aus Virsiicht ëmdréine misst.

Back to Top
CIM LOGO