24. bis de 27. JuliA6: Chantier um Echangeur Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg de 24. Juli den Owend 20 Auer bis e Méindeg de 27. Juli nomëttes géint 15 Auer gëtt op der Areler Autobunn geschafft.
© Ponts et chaussées

Wéinst dem Chantier ass d’Bretelle fir op den Echangeur Stroossen vun der N6 an Direktioun vun der A6 gespaart.

Fir den Trafic vun der N6 op d’A6 ginn et zwou Deviatiounen fir déi béid Richtungen:

  • via d’Rue des Aubépines, d’N5 (Merel) an d’ N34 an Direktioun vum Echangeur Helfenterbréck
  • via den CR181 Direktioun Echangeur Bridel
D'Kaart vum Chantier am Detail.

Back to Top
CIM LOGO