
Wéi all Joer notzen d’CFL de Summer, fir d’Maintenance an d’Modernisatioun vum Schinnen-Netz virzehuelen. Een Deel vun dësen Aarbechten ass op de komplette Linnen am Land, een aneren op der Gare an der Stad.
U sech sollt de Chantier op der Stater Gare vum 16. Juli bis den 11. September daueren, ma wéinst Liwwerschwieregkeete vum Material geet ee bei den CFL dovunner aus, datt et um Knuetepunkt an der Stad bis den 20. November 2022 zu Chantieren an Adaptatioune wäert kommen. Betraff sinn hei d’Linnen 90, déi an d’Lorraine geet, a 60 tëscht Lëtzebuerg a Rodange iwwer Esch.
Fir awer e gréisseren Impakt ze verhënneren, gi béid Strecke just fir maximal 3 Wochen um Stéck gespaart, dat vum 16. Juli bis de 7. August inclus. Eng weider Kéier sinn d’Linne 60 an 90 iwwert d’Allerhellege-Vakanz vum 29. Oktober bis de 6. November komplett zou. Fir all déi aner Wochen tëscht dem 16. Juli an dem 20. November wäerten d’Zich dem adaptéierte Fuerplang no zirkuléieren. Dëse Chantier huet och en Impakt op den TGV. All d’Detailer fënnt een am Communiqué vun den CFL.