
Géint 14.15 Auer koum et op der A6 a Richtung Stad op der Héicht vun der Baustell bei Stroossen zu engem Accident. E gréissere Stau gouf doduerch provozéiert.
E Chauffeur vun engem Liwwerwon huet dëse Stau spéider net bemierkt an ass dunn engem Auto hannendrop gerannt. De Liwwerwon huet sech dowéinst iwwerschloen an ass op der Säit leie bliwwen.
Beim Zesummestouss goufen nach 2 weider Gefierer an den Accident verwéckelt. De Chauffeur gouf uerg blesséiert, de Chauffeur vum Auto nëmme liicht. Déi blesséiert Persoune koumen an d’Spidol.
Vu Stroossen un war déi komplett Streck doropshi blockéiert. Um 15.20 war d’Bunn nees fir de Verkéier fräi.