Wärend Etat de criseÄre Führerschäin muss erneiert ginn? Mir soen iech, wéi dir musst virgoen

Roy Grotz
Am aktuellen Etat de crise stelle sech natierlech eng Hellewull vun administrative Froen, absënns ëm offiziell Dokumenter, déi oflafen.
© Archiv

Esou och mam Führerschäin. Fir Leit iwwer 60 Joer muss e medezinesche Certificat ausgefëllt ginn an eng aktuell Passfoto bäigeluecht ginn, fir dës ze maachen, notamment an Automaten, déi a Supermarchéë stinn, di sech eeler Leit schwéier. Beim Permis stellt sech aktuell dann net nëmmen dës Fro eleng. Et sinn u sech 3 Froen, woufir mer dann och all Kéier d’entspriechend offiziell Texter nogesicht hunn.

Corona vs Permis / Reportage Roy Grotz

Éischte Fall: De Certificat médical feelt, well den Hausdokter deen den Ament net kann ausstellen. D’SNCA brauch deen och net fir op de Führerschäin. De Code de la route léisst e provisorescht Verlängere bis 3 Méint zou. Am Artikel 78 steet, wat u sech gebraucht gëtt:

“un certificat médical récent à délivrer par un médecin autorisé à exercer la profession de médecin en qualité de médecin-généraliste et/ou de médecin-spécialiste en médecine interne au Luxembourg attestant que le candidat présente les aptitudes physiques et mentales requises”

An am Artikel 87 (3) steet dann eng Derogatioun:

“Si la production de l’extrait du casier judiciaire demande plus d’un mois, ou si une enquête judiciaire s’impose, un permis de conduire d’une durée de validité limitée à 3 mois peut être délivré.

Il en est de même, lorsque, en cas de renouvellement du permis de conduire, la production d’un certificat médical demande plus d’un mois.”

Och ouni medezinescht Attest ass et also méiglech de Permis ëm 3 Méint ze verlängeren.

Zweete Fall: Et ass keng Foto disponibel. D’Gesetz gesäit do net vir, ee Permis ouni Foto auszestellen.

Dat heescht, datt d’SNCA mussen eng 1:1-Prozedur maachen a kucken, datt d’Leit eng Handysfoto eraschécken. Si soen och de Leit, wéi si sech musse fotograféieren. Si produzéieren da mat Hëllef vum Scanner eng Foto op dat richteg Format a produzéieren dann de Führerschäin. D’Gesetz erlaabt dat, well am Code de la Route steet just am Artikel 78:

“une photographie récente sur papier souple, la tête prise de face. Le visage doit être dégagé. Les yeux doivent être parfaitement ouverts. La monture des lunettes ne doit pas masquer les yeux. La tête doit être nue, le port d’un couvre-chef est interdit.”

Eng Handysfoto ass also de Minimum, deen d’SNCA muss kréien.

An dann nach eng drëtt wichteg Fro a punkto Führerschäin, nämlech de Stage jeunes conducteurs: vu datt den Ament jo keen obligatoresche Stage fir jonk Chaufferen am Centre de formation zu Colmer-Bierg kann ugebuede ginn, gëtt deene Leit hire Stage automatesch ëm 3 Méint verlängert, an domat och hire provisoresche Permis de conduire.

Fir dës 3 Froen, gesäit de Code de la Route also och am Etat de crise kloer Äntwerte vir.

Fir all Verlängerung soll een eng Mail op pdc@snca.lu schreiwen oder uruffen um Tel.: 26 62 64 00.

Back to Top
CIM LOGO