Um Ament, an deem Zuch, Tram a Bus gratis goufen. Den Ament gëtt gebak. Den RGTR-Reseau gëtt fir d’éischt zanter 1978 vu Grond op iwwerschafft. Bis 2030 sollen och quasi all d’RGTR-Bussen elektresch fueren. Eng politesch Decisioun, hannert där sech e Mega-Schantje verstoppt.
65 Millioune Kilometer d’Joer. 1.600 Mol ëm d’Welt. Dat ass d’Distanz, déi déi ronn 1.300 Busse vum ‘Régime général des transports routiers” d’Joer gefuer sinn. De Reseau iwwer Land. Bis Enn d’nächst Joer soll e reorganiséiert ginn. Méi koherent. Iwwer 9 Axen. Mat engem Ausstouss vun 100 Gramm CO2 de Kilometer, wat d’Diesel-Bussen ubelaangt.
Der Ëmwelt zur Léift huet déi aktuell Blo-Rout-Gréng Regierung eng strategesch Decisioun geholl, wat d’Zukunft ugeet: Bis 2030 soll quasi de ganzen RGTR-Reseau elektresch fueren. D’lescht Joer louch ee just eppes iwwer engem Prozent, wat déi gefuere Kilometer ubelaangt. Dëst Joer sinn et den Ament schonn iwwer 6%. E Wiessel vum Diesel op Elektresch, hannert deem sech fir d’Busfirmaen Herkules-Aufgabe verstoppen.
Firwat Elektresch? Bannent dem leschte Véierels-Joerhonnert gouf et eng Rei Experimenter. Vu Bio-Diesel bis Waasserstoff. Den Natur-Gas konnt just am Süden beim Tice iwwerzeegen. Mat den Ament 52 Bussen vun 130, déi op déi Manéier CO2-neutral ënnerwee sinn.
Bis 2030 mussen Milliounen Euro investéiert ginn. Een Elektrobus kascht ëm eng hallef Millioun Euro. Méi ewéi zwee Mol sou deier wéi e Gefier mat Diesel-Motor. Dobäi kënnt d’Infrastruktur fir d’Batterien ze lueden. An der Hoffnung, datt de Reseau iwwerhaapt duerhält.