
Op Uerder vun der éisträichescher Regierung mussen d’Autoritéiten d’Donnéeë vun all Persoune registréieren, déi an d’Land areesen, och wa si just op der Duerchrees sinn.
Well den Undrang op der Autobunn esou grouss war, hunn d’Leit am Karawankentunnel bis zu 10 Stonnen am Auto misse waarden, bis et un hirem Tour war. Am Loibltunnel waren et 7 Stonnen, wärend deenen et net gutt virugoung. Dat huet déi lokal Police AFP géintiwwer confirméiert. Betraff ware virun allem Touristen aus Däitschland an Holland.
Wéi et vun de Beamten heescht, hätt ee vill Reklamatioune via Telefon erakritt. E Sonndeg de Moien hat sech d’Situatioun beim Karawankentunnel nees entspaant, am Loibltunnel erwaart ee sech nach e puer Stonne Waardezäit, bis een an Éisträich eragelooss gëtt.
