DieselskandalBrittescht Geriicht gëtt 91.000 Leit géint VW Recht

RTL Lëtzebuerg
91.000 Clientë vu VW haten a Groussbritannien op Entschiedegung geklot a kruten e Méindeg vun engem Geriicht zu London Recht.

VW hat a Groussbritannien Autoe mat enger illegaler Software verkaf, an esou d’Emissioune vun den Autoe bei Tester erofgedréckt.

Dat gesäit d’Geriicht als Erwisen un. Wéi vill Entschiedegung den Autoskonstrukteur misst bezuelen, ass nach net bekannt, ma verschidde Leit kéinten en Deel vun de Suen, déi si fir hire VW, Audi, Seat oder Skoda bezuelt hunn, erëmkréien.

Volkswagen selwer weist sech enttäuscht iwwert d’Urteel an ass gewëllt, a Revisioun ze goen. VW wier sech sécher, datt de Leit kee Schued entstane wier.

De Konstrukteur hat 2015 zouginn, datt 11 Milliounen Autoe mat enger illegaler Software verkaf goufen. Bis ewell huet VW iwwer 30 Milliarden Dollar u Strofen an Entschiedegunge bezuelt, de Gros dovunner an den USA.

Back to Top
CIM LOGO