Et feelt eng aktuell Ëmwelt-Autorisatioun. Dat hunn déi Responsabel vum Schäfferot e Méindeg vum zoustännege Minister François Bausch erkläert kritt. Ma fir dës Autorisatioun ze kréien, missten nei Etüde gemaach ginn, déi sech wäerten iwwert Méint zéien. Ënnert anerem misst gekuckt ginn, wéi eng Villercher iwwert dëst Gebitt fléien.