
Am Laf vum Mount si bei den CFL nees Chantiere geplangt, déi rëm ulafen, dat awer elo mol just Weekends an deelweis nuets. Bei de Chantiere ginn d’Leit, déi am Ëmkrees wunnen, iwwert d’Aarbechten informéiert an och d’Aarbechter selwer schaffen ënnert strenge Sécherheetsbestëmmungen.
Wärend dëser Zäit, gëtt natierlech wéi gewinnt vun den CFL eng Alternativ proposéiert, dat allerdéngs bei der Berécksiichtegung vun de Covid19-Mesure vun der Regierung.
Linie 10 (Luxemburg - Mersch - Troisvierges - Gouvy)
• vum 3. Mee bis 12. Juni 2020: Nuetsaarbechten tëscht der Stad an Dikrech vu Méindes bis Freides
• Weekendsaarbechte vum 9. bis den 10. Mee sou wéi vum 16. bis de 17. Mee 2020: tëscht der Stad an Dikrech
Linie 30 (Luxemburg - Wasserbillig - Trier)
• Weekendsaarbechten vum 9. und 10. Mee sou wéi vum 16. a 17. Mee 2020: tëscht der Stad an Éiter
Linie 60 (Luxemburg - Bettemburg - Esch-sur-Alzette - Pétange - Rodange)
• vun e Samschdeg 30. Mee bis e Sonndeg 7. Juni 2020 inclus: tëscht Esch a Rodange
Linie 70 (Luxemburg - Pétange - Rodange - Athus - Longwy)
• Weekendsaarbechten de 16. a 17. Mee a vum 23. bis de 24. Mee 2020: tëscht der Stad a Péiteng