Elo zeechent sech eng Léisung of. De Bau vum Dachs, mat am Ganzen 3 Entréeën, gëtt zougemaach. An all Entrée kënnt eng Klapp, wou den Dachs zwar aus dem Bau erauskënnt, awer net méi eran. Bei dësem Bau géif et sech och net ëm den Haaptbau vun der Dachsfamill handelen. Dohier wär et méi einfach, dësen elo zouzemaachen.
Mam Ufank vun der Allerhellgevakanz gëtt dann d’Nationalstrooss gefleckt. Zwou Woche rechne Ponts & Chaussées fir dës Aarbechten. De Buergermeeschter Thierry Lagoda ass zefridden, datt d’Aarbechten och an d’Vakanz falen. Et handelt sech nämlech ëm eng vill befuere Strooss, déi och vum Schülertransport genotzt gëtt.
Tëscht Biekerech an Hitten: Dachse-Clan suergt fir Opreegung