Wärend dem ConfinementD'Batterie war den Haaptgrond fir Pannen, esou den ACL

RTL Lëtzebuerg
Schonns zanter Joren ass d'Batterie ee vun den heefegste Grënn fir eng Pann, ma déi Tendenz ass am Confinement nach eemol ëm 47% an d'Luucht gaangen.

Dat Schreift den Automobilclub e Freideg an engem offizielle Schreiwes. Den ACL erkläert, dass d’Lëtzebuerger Land vu Mëtt Mäerz un an engem Zoustand war, deen ee bis heihinner nach net kannt huet. Vun engem Dag op deen aner hunn d’Leit missen doheem bleiwen an doduerch ass och den Auto stoe bliwwen, dat deels iwwer eng länger Zäit. Wären där Zäit huet den ACL säi Service Depannage weiderhin assuréiert an hat gréisstendeels mat Leit ze dinn, déi eng Pann hate wéinst Problemer mat der Batterie.

Dëst erkläert sech doduerch, dass d’Autoen ëmmer méi al ginn a well d’Gefierer wärend dem Confinement méi laang stoungen a manner gebraucht goufen. Dowéinst réit den ACL, d’Batterie vum Auto reegelméisseg kontrolléieren ze loossen, fir esou Pannen ze verhënneren.

D’Pneue sinn iwwerdeems den zweetheefegste Grond fir Pannen. Déi mannsten Autoe hautzedaags hätten een Ersatzpneu a ganz vill Leit wéissten och selwer net, wéi een e Pneu selwer wiesselt.

Wärend dem Confinement konnten d’Mecaniciene vum ACL de Leit zu 88% op der Plaz selwer hëllefen. Dat well si ëmmer vill nei Batterien dobäi haten an och ëmmer Ersatzpneuen, déi op déi meeschten Autoe passen, esou nach den ACL.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum ACL

Back to Top
CIM LOGO