
Dës Strooss ass u sech ewell iwwerfälleg gewiescht, fir frësch gemaach ze ginn, mee du koumen d’uerg Iwwerschwemmungen am Joer 2018 an all Alternativ-Routen fir op Bäerdref waren futti.
Well entretemps all Autorisatioune fir d’Renovéierung vun der Strooss fir op Bäerdref verfal waren, muss en neien Soumissiouns-Dossier lancéiert ginn - an dat heescht alt nees ze waarden - wéi déi gréng Minister Dieschbourg a Bausch op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Ost-Deputéiert Tess Burton äntweren, dierft de Chantier um CR137 domatter fréistens eréischt an engem Joer ufänken.