
De Peugeot 208 huet d’Jury duerch déi breet Palette u Motoriséierungen iwwerzeegt, dorënner och déi vum Elektroundriff, grad ewéi déi innovativ Gestaltung an dat attraktiivt Präis-Leeschtungsverhältnis.
De Peugeot 208 krut 281 Punkten a behaapt sech virum Tesla Model 3 mat 242 Punkten an dem Porsche Taycan mat 222 Punkten, allebéid reng Elektro-Autoen.
Op de Plazen hannendru kommen de Renault Clio, de Ford Puma, den Toyota Corolla an den 1er BMW.
D’Präisiwwerreechung wier normalerweis am grousse Stil am Kader vum Genfer Autosalon iwwer d’Bün gaangen. Den Autosalon gouf awer wéinst dem Coronavirus ofgesot, wouropshin d’Zeremonie am klenge Kader ofgehale gouf.