Softwareproblem geléistDe Volkswagen Golf 8 gëtt nees ausgeliwwert

RTL Lëtzebuerg
Zanter Mëtt Mee goufe keng nei Golf 8en méi u Clienten ausgeliwwert, well et e Software-Problemer gouf. Dee Problem ass awer elo geléist.

Den Autosproduzent huet sech mat den Autoritéiten drop gëeenegt, dass déi schonn ausgeliwwert Gefierer zeréckgeruff ginn. An Däitschland si 15.000 Autoe betraff, bei deenen elo déi nei Software muss opgespillt ginn.

Och wärend dem Ausliwwerstopp goufen d’Autoe weider produzéiert, dofir awer ouni Software zwëschegelagert.

Back to Top
CIM LOGO