Deeler vun de Ventilatore ginn ersatDen 18. Juni fänken d'Fléckaarbechten am Tunnel Grouft op der A7 un

RTL Lëtzebuerg
Zanter Enn Januar ass am Tunnel Grouft a béide Richtungen d'Iwwerhuelspuer gespaart an d'Vitess op 70 km/h limitéiert.
Tunnel Grouft
© Rosa Clemente /Archiv

Déi nächst Woch fänken d'Fléckaarbechten am Tunnel Grouft un. Do mussen Deeler vun de Ventilatoren ersat ginn. 

D'Interventioune ginn nuets gemaach. Dowéinst gëtt et weider Nuets-Spärunge vun den Tunnelle Stafelter a Grouft, also tëschent den Echangeure Luerenzweiler a Waldhaff. 

Wéi laang d'Aarbechten an d'Nuetschantieren dauere präziséiere Ponts et Chaussées am Communiqué net.

Zanter Enn Januar ass am Tunnel Grouft a béide Richtungen d'Iwwerhuelspuer gespaart an d'Vitess op 70 km/h limitéiert. Et war jo e Problem mat de Ventilatore festgestallt ginn.

Och am Tunnel Stafelter ware prophylaktesch Mesurë geholl ginn, dono awer nees opgehuewe ginn.

Schreiwes vun de Ponts et Chaussées

Back to Top
CIM LOGO