Vum 22. Juli bis 15. AugustPassagéier vum Tram musse sech tëscht Statiounen op e klenge Spadséiergang astellen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Chantier um Boulevard Adenauer wäerte vum 22. Juli un keng Trammen tëscht dem Arrêt "Rout Bréck" an dem Arrêt "Philharmonie" fueren.
© Christophe Hochard

Wéinst dem Ausbau vun der neier Tramslinn, déi vun der Avenue Kennedy iwwer de Boulevard Konrad Adenauer wäert lafen an d'BEI, d'Cour de Justice, de Jean Monnet an d'Europaschoul mam Tram wäert verbannen, gëtt vum 22. Juli bis de 15. August op der Kräizung vum Boulevard Adenauer mat der Avenue Kennedy geschafft.

Aus dem Grond kann an deem Zäitraum op dëser Plaz och keen Tram zirkuléieren. Esou mussen d'Passagéier vum Tram bei der Philharmonie respektiv bei der Rouder Bréck erausklammen an déi 450 Meter bis zum nächsten Arrêt zu Fouss goen. Luxtram schreift op hire Plakater, datt een hei 7 bis 10 Minutte muss méi aplangen.

Back to Top
CIM LOGO