Waldhaff - GonnerengDen éischte Streckeradar am Land ass vun elo un operationell
Et ass jo deen op der N11, tëscht dem Waldhaff a Gonnereng, deen déi lescht Méint iwwer schonns ausgibeg getest ginn ass.
Den éischte Streckeradar am Land ass vun elo un operationell
Et ass jo deen op der N11, tëscht dem Waldhaff a Gonnereng, deen déi lescht Méint iwwer schonns ausgibeg getest ginn ass.
A béide Richtungen, op knapp 4 Kilometer gëtt d’Vitesse kontrolléiert.
Erlaabt sinn an der Moyenne 90 Stonnekilometer fir Autoen a Motoen a 75 Stonnekilometer fir schwéier Gefierer. Vum 15. Juni u gëtt ee protokolléiert, wann een dës Moyenne iwwerschreit.
Den neie Radar-Trançon gëtt vu Schëlder annoncéiert.