
Et bleift trotz Corona-Period beim Timing vum Tramschantier: deemno wäert den Tram Enn vum Joer och tëscht der Stäreplaz an der Gare fueren - eng deelweis Ouverture vun der Streck tëscht der Stäreplaz an der Paräisser Plaz ass net virgesinn.
De Mobilitéitsminister François Bausch preziséiert, datt déi nei Vëlospist nieft de Schinne vum Tram tëscht der Stäreplaz an der Gare spéitstens am Januar d’nächst Joer ka gefuer ginn.
Och den Timing vum Rescht vum Tramschantier bleift ambitiéis, mä ass ze maachen. Leschten Donnéeën no ass d’Tramsstreck tëscht der Gare a Bouneweg bis Summer 2022 fäerdeg - d’Streck bis op d’Cloche d’Or soll d’Joer drop, also 2023, ze fuere sinn.
Un der Extensioun vun der Tramsstreck tëscht dem Kierchbierg an dem Findel gëtt och geschafft - dee Chantier mat dem Bau vun enger neier Bréck iwwert d’Autobunn fänkt d’nächst Joer un.
De Chantier op der Aler Bréck tëscht dem Quartier vun der Gare an dem Hellege Geescht Plateau geet gutt virun - d’Passerelle soll d’nächst Joer am Summer fäerdeg vergréissert sinn - déi nei amenagéiert Vëlospist iwwert d’Al Bréck geet iwwerdeems ewell de nächste Mount op.
Hei d’Äntwert op déi parlamentaresch Fro am PDF am Kader vum Tram.