AutosfestivalDiesel oder Bensinner? Wat rentéiert sech méi?

Dany Rasqué
Lynn Cruchten
E Samschdeg ass den Optakt vun der 56. Editioun vum Autosfestival.
Diesel oder Bensinner? Wat rentéiert sech méi?
E Samschdeg ass den Optakt vun der 56. Editioun vum Autosfestival.

Déijéineg, déi sech en neie Won kafen, a fir déi den Elektroauto nach keng Optioun ass, stinn dacks virun der Fro: Diesel oder Bensinner? Wéi ee Motor ass dann elo méi ëmweltfrëndlech? An no wéi enge Kritäre sollt ee säi Gefier eraussichen?

Fir d’alleréischt emol sollen d’Leit no hire Besoine kucken, réit den RTL- Autosjournalist Serge Pauly. Wann een en neien Auto keeft, ass en Diesel meeschtens déi deier Optioun an dat kënnt net vun Ongeféier. Wann een d’Zuele vun den neien Immatrikulatioune kuckt, fält op, datt ëmmer manner Leit en Diesel kafen. Wien net vill mam Auto fiert, fir deen ass e Bensinner finanziell méi attraktiv. En Diesel-Gefier rentéiert sech eréischt, wann een op d’mannst 15.000 bis 30.000 Kilometer d’Joer zeréckleet.

2011 sinn nach 3/4 vun den neien Autoe mat Diesel gefuer, ma an Tëschenzäit huet de Bensinner d’Nues vir. Zejoert ware just nach 42 Prozent vun den neien Umeldungen Dieselautoen.

Mee wéi ass et dann elo ma der Ëmweltverschmotzung bei Bensin an Diesel? Bei béide Motore gëtt Sprit verbrannt an deemno entsteet CO2. En Diesel stéisst an der Moyenne bis zu 15 % manner CO2 aus wéi e Bensinner. Dofir sinn Diesel-Gefierer awer fir méi Stéckstoffoxider responsabel. A verschiddene Stied sinn Diesel-Autoen och net méi erwënscht. Den Automobilsecteur beméit sech, permanent Bensinn- an Dieselmotore méi propper ze kréien, ganz ouni Schuedstoffer geet et awer net. Wie beim Kaf vun engem Auto un d’Ëmwelt wëll denken, sollt op d’Gréisst vum Gefier oppassen, well déi ass entscheedend.

Back to Top
CIM LOGO