No Tëschefall an Zuch-TunnelD'Leit si genervt - 1 Stonn méi laang ënnerwee sinn, ass net d'Ausnam

Marc Hoscheid
Wéinst dem Tunnel, deen agefall ass, mussen elo Ersatzbusser an den Asaz geholl ginn, fir d'Leit aus dem Norden a Richtung Stad ze transportéieren.
CFL Linn 10 - D'Leit si genervt
Wann een aus dem héijen Norden an d’Stad schaffe geet, an den ëffentlechen Transport hëlt, brauch ee vill Zäit.

Et ass 4.50 Auer an nawell zimmlech frësch dobaussen, wéi sech déi éischt Leit vu Clierf mat den Ersatzbusse vun den CFL a Richtung Kautebaach an Ettelbréck maachen. Suergen, datt se keng Sëtzplaz méi kréien, musse sech d’Passagéier ëm dës Zäit net maachen. Eng Stonn méi spéit och nach net. Wärend dem Beruffstrafic assuréieren zwee grouss Busser mat Plaz fir bis zu 50 Leit d’Direktverbindung op Ettelbréck. Gutt Plaz ass och um Parking op der Gare. Vill Leit schéngen op den Auto auszewäichen. Déi, déi dat net kënnen, ënnersträiche gréisstendeels d’Pénktlechkeet beim Depart vun de Bussen, stéiere sech awer um méi laange Wee op d’Schaff respektiv an d’Schoul, souwéi un der méi niddreger Frequenz.

Passagéier 1, wunnt zu Clierf, mee geet an der Stad an d’Schoul: “Ech muss schonn elo extra méi fréi opstoen, fir um 8 Auer an der Schoul ze sinn, dat ass net sou extra.”

Wéi laang dauert den Trajet dann?: “Ech géing soen eng Stonn an zwanzeg Minutten.”

Passagéier 2, wunnt an der Géigend vu Baaschtnech a schafft an der Stad: “Les correspondances, ça va encore, mais ici c’est dommage que ç’est un bus toutes les heures et pas toutes les demi-heures comme c’est l’habitude dans les autres travaux.”

Passagéier 3, fiert vu Clierf aus op seng Schaff an der Stad: “Am Moment ass et wierklech ëmständlech fir op d’Aarbecht ze kommen, ech verléieren quasi eng Stonn den Dag beim Trajet. Mir mussen d’Situatioun huele wéi se ass, mir hu leider keng Wiel.”

Ee Mann, deen all Dag vu Gouvy op Diddeleng-Biereng schaffe fiert, huet zwar Versteesdemech dofir, datt d’Zich tëscht Clierf a Kautebaach aktuell net fueren, wéinst sengem laangen Trajet ass hien trotzdeem zimmlech frustréiert.

Passagéier 4, brauch all Dag sechs Stonne fir op d’Schaff a rëm heem: “Les CFL feront ce qu’ils peuvent. La difficulté pour eux, c’est la ponctualité, c’est pas évident. Il y a beaucoup de changements, train, bus, train, bus. Donc la succession de mon départ jusqu’à l’arrivée je fais trois heures de trajet, trois heures de trajet retour. La ponctualité des trains et des bus parfois allonge mon trajet. Il y a des jours très pénibles.”

Hoffentlech manner laang ass den Trajet vun deene ville Schüler, déi vu Gouvy an Ëlwen erfort mam Zuch iwwer Clierf an hir Schoule komme wëllen. Um 6.50 Auer sinn déi zwee Busse sou gutt gefëllt, datt verschidde Jonker keng Sëtzplaz méi kréien. Dono gëtt et awer ee gudde Krack méi roueg op der Gare. Um 7.50 Auer fueren och nach zwee Bussen, et kënnt awer mol vir, datt een eidel ënnerwee ass.

Ob d’Linn 10 vu Mëtt Dezember u rëm komplett wäert sinn, bleift ofzewaarden. Egal wéi wäerte bis zur Reouverture nach eng Rëtsch Ersatzbussen tëscht Clierf, Kautebaach an Ettelbréck zirkuléieren.

Zuchstreck Clierf - Kautebaach: Däitlech méi laang Trajete bis op Ettelbréck (13.9.22)
No Tëschefall an Tunnel: Ersatzbusser vum 12. September un, RGTR gëtt verstäerkt (9.9.22)
Zuch-Tunnel vun der Linn 10: Keng Zich tëscht Kautebaach a Clierf bis op d’mannst den 11. Dezember 2022 (2.9.22)
CFL reagéieren op Incident an Zuch-Tunnel: Bei Renovéierungsaarbechten um Plaffong ass et zu engem Äerdrutsch komm (29.8.22)
Tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz: Zuch-Tunnel vun der Linn 10 zum Deel zesummegefall - kee Blesséierten (28.8.22)

Back to Top
CIM LOGO