CR364E Méindeg de Mëtteg ass Streck Bäerdref-Iechternach opgaangen

RTL Lëtzebuerg
Bal genee 1 Joer no den uergen Iwwerschwemmungen am Mëllerdall, ass den CR364, d’Strooss tëscht Bäerdref an Iechternach, nees fir den Trafic op.
VIDEO: Den CR364 ass e Méindeg um 14 Auer nees opgaangen
D’Strooss war no den Iwwerschwemmungen vum leschte Summer zougemaach ginn.

D’Strooss tëscht Bäerdref an Iechternach ass nees op. No den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall virun engem Joer ware gréisser Aarbechte néideg.

Wei annoncéiert gouf wärend engem Joer un dëser Streck geschafft. Virun allem d’Stabilisatiouns - a Stroossenaarbechten hu vill Zäit kascht. Ausserdeem goufe nei Glissière laanscht d’Strooss opgestallt. Dës Strooss ass grad fir d’Leit, déi an der Regioun wunnen a schaffen awer och fir d’Touristen, déi am Mëllerdall ënnerwee sinn, ganz wichteg.

Den Ament gëtt un der Strooss beim Priedegtstull geschafft. Dës soll virum Kollektivcongé nees opgoen.

Artikel: Viru genee 1 Joer: Iwwerschwemmungen zu Greiweldeng an am Mëllerdall

Back to Top
CIM LOGO