Vun e Méindeg unEe Mount laang keng Zich tëscht der Stad an Tréier

Roy Grotz
E grousse Chantier bréngt vun e Méindegmoien u mat sech, datt ee Mount laang keen Zuch méi tëscht der Stater Gare, Waasserbëlleg an Tréier fiert.
© Kevin Kayser

Am Kader vun de Summer-Chantiere späeren d'CFL deen Trajet an Däitschland bis den 20. September, woubäi vum 14. September fir d'Schoulrentrée un awer de Lëtzebuerger Tronçon tëscht der Stad a Waasserbëlleg nees wäert op sinn.

Op iwwer 11 Kilometer ginn d'Schinne komplett ersat: dat sinn 19.000 Schwellen a 7.000 Tonne Schotter, déi tëscht Wecker an der Fausermille bei Mäertert ersat ginn.

D'Alexandra Nonnweiler, Porte-Parole vun den CFL, iwwert d'Envergure an d'Komplexitéit vum grousse Chantier, deen iwwer d'réng Gleis-Aarbechten erausgeet a wou och d'Grenzbréck mat viséiert ass:

"Ausserdeem do, wou mer dat lescht Joer mat deem grousse spektakulären Ëmbauzuch d'Schinnen ersat hunn, d'Gleiser ersat hunn, de Ballast, wäerte mer dann elo tëscht Wecker a Rued och do d'Pist d'Accèse renovéieren. Dat ass de securiséierten Accès fir eist Personal. D'Schinneninfrastrukturen an och d'Carnivauxen, wou déi ganz Kabelen dra leie vun der Signalisatioun an der Telekommunikatioun, dat maache mer och. An ausserdeem schaffe mer och op der Grenzbréck tëschent Waasserbëlleg an Däitschland, wou déi Bréck erneiert gëtt a wou och eeben d'Wasserdichtheet, déi gëtt erneiert, wou mer e ganze Koup vu Rehabilitatiounen och vu Bëtong a vu Gestengs maachen. Dat sinn déi Aarbechten, déi an dëser Spär gemaach ginn."

Et funktionéiert natierlech wärend dem ganze Gleis-Chantier an Direktioun Tréier en Ersatz-Trafic duerch d'Bussen op fënnef Linne bis op Tréier selwer a mat Arrêten dertëscht - all Infoen ginn et natierlech op cfl.lu oder den Appe vun den CFL oder Mobilitéit.lu.

Gedold a méi Zäit mussen d'concernéiert Passagéier also déi nächst véier Wochen matbréngen, déi mat den CFL-Busse vun der Stater Gare oder dem Osten an Däitschland wëlle fueren.

Back to Top
CIM LOGO