E 26 Tonner mat Null Emissiounen. De Käschtepunkt ass substantiell: Ronn 600.000 Euro mat de Bornen. Fir Biogros ass et en Investissement an d’Zukunft. Zesumme mam Garage Losch géif Pionéieraarbecht gemaach ginn.
De Camion huet Null Emissiounen an ass den éischte 26-Tonne-Killcamion vun där Zort zu Lëtzebuerg mat enger Batterieautonomie, déi op Dimensioune vum Land passt.
Yves Bettendorff, Direkter Garage Losch Truck, Van & Bus: “150 bis 200 Kilometer, well dëse Camion hei ass 100% zéro émission. All Agregater, déi u Bord sinn – hei hu mer ee Killwon – sinn och voll elektresch a ginn net mat engem separaten Dieselagregrat ugedriwwen. An doduerch gi mer bësse mat der Range erof, mä en faveur vun der Ëmwelt.”
Déi stolz Zomm vu 600.000 Euro huet Biogros an dee Camion an déi néideg Bornen investéiert. Biogros bedreift ënnert anerem d’Naturata-Geschäfter. Fir si ass et en Investissement an der Kontinuitéit vun deem, firwat de Betrib steet, nämlech en Investissement an d’Zukunft.

Patrick Kolbusch, Biogros: „Mir sinn der Meenung, fir ee Land wéi Lëtzebuerg, ass Elektromobilitéit d’Zukunft. A wann een en Invest an d’Zukunft mécht, dat wäert sech herno och bezuelen. Mir sinn e Pionéier doran, mir hunn déi éischt Schrëtter gemaach oder mir maachen déi. A mir léiere jo och doraus an da wäert den Invest sech och scho bezuelt maachen.“
Net nëmmen Null Emissiounen, mä och quasi och Null Kaméidi. E weideren Avantage vun deem deiere Stéck, bei deem och de Fuerstil wichteg ass.
Eugen Riel, Verkaufsleedung Garage Losch Truck, Van & Bus: „Die Fahrer werden entsprechend so geschult, dass sie bei jeder Abfahrt möglichst viel Energie mitholen, weil das Gewicht drückt das Fahrzeug nach unten und so kann man die Batterie wieder etwas aufladen“
Mëtt September soll den éischten e-Camion zu Lëtzebuerg asazfäeg sinn. Eng Primm vum Staat gëtt et allerdéngs net, bedauert de Patriuck Kolbusch:
“Leider Gottes ass beim Staat nach keng Primm fir Camionen. Bussen, ldi ginn ënnerstëtzt. Mir hoffen natierlech, datt de Ministère och elo mam gudde Beispill virgeet a vläicht och Ënnerstëtzungen am Transportwiesen, respektiv an de Camionen, mécht, wann d’Elektromobilitéit soll no vir kommen.”