Et soll jo änlech wéi um Kierchbierg ee sougenannten Turbo-Rond-Point do entstoen mat Roude Luuchten a méi Spueren, wou ee sech schonn direkt an déi Richtung areit, wou ee wëll hin, fir dass de Verkéier méi flësseg leeft.
D’Automobilisten hunn déi lescht Méint wéinst den Aarbechte misse vill Gedold matbréngen. Wa se um Rond-Point Robert Schaffner, wéi e richteg heescht, ronderëm gefuer sinn.
D’Rout Luuchte funktionéiere lo mol provisoresch, et gëtt nach dru geschafft, sou de Ralph di Marco, vun der Ponts et Chaussées.
An ee weidere gréissere Chantier, deen am Summer zejoert ënnerbrach gi war, fänkt e Méindeg rëm un: déi rout Bréck gëtt virun nei ugestrach. D’Aarbechte waren am Juli zejoert ausgesat ginn, well d’Firma, déi do geschafft huet, faillite gemaach huet.
Lo ass een neie Betrib fonnt ginn a vun e Méindeg un gëtt rëm gemoolt - rout natierlech.