
Dofir wier et wichteg, d’Leit richteg iwwer d’Geforen opzeklären, dat en Donneschdeg um ewell 12. Dag vun der Sensibilisatioun vun de Passagen op der Bunn, den “International Level Crossing Awareness Day”. Och d’CFL, zesumme mat dem Mobilitéitsministere, der Police, der Sécurité Routière an der Association nationale des Victimes de la Route, wëllen d’Leit sensibiliséieren.
D’déidlech Accidenter op Passagen maachen 1% vun allen déidlechen Accidenter op de Stroossen an Europa aus. An Europa ginn et iwwerdeems iwwer 120.000 nach Passagen um Niveau vun de Schinnen. Op der ganzer Welt sinn et der iwwer 500.000.
Zu Lëtzebuerg hunn zënter 2015 zwou Persounen hiert d’Liewe bei engem Accident bei enger Barrière verluer. Zënter 2015 goufen och 10 Accidenter op Passage gemellt, tëschent Zich an Autoen, Camionen oder Trakteren, bei deene sech de Chauffer net un de Code de la Route gehalen huet. 475 Beschiedegunge goufen notéiert, zum Beispill vu Gefierer, déi Barrière mat ewech geholl hunn (dat sinn an der Moyenne 75 futtis Barrièren d’Joer). 45% dovunner komme vu professionelle Chaufferen.

Dëst Joer ass d’Aktioun virop fir d’Camionschaufferen. Mee jiddereen, ob Autosfuerer, Vëlosfuerer oder Foussgänger, soll oppassen, wann en iwwer d’Schinne geet, fir Schied un de Barrièren an och natierlech deels déidlech Accidenter ze evitéieren. D’CFL erënneren drun, datt een net méi iwwer d’Schinne goe soll, wann d’Luuchte rout liichten an d’Barrière ufänkt erofzegoen. Bei engem Stau soll een ni op de Schinnen hale bleiwen, mä ëmmer virdru stoe bleiwen.
Ee Foussgänger, deen iwwer een zouene Passage geet, riskéiert eng Geldstrof vun 3.000 Euro. Ee Chauffer verléiert 2 Punkten a muss 145 Euro bezuelen.
Zënter 2015 goufen hei am Land 26 där Passagen op de Schinnen suppriméiert an zum Beispill duerch Brécken oder Tunnellen ersat. Den Ament ginn et nach 112 Passagen am Grand-Duché.