
D’Ënnerstëtzung vun de Fluchhäfen duerch Steiergelder wier an hiren Ae klimaschiedlech Geldverschwendung a géing déi “ganz Absurditéit vum Fléien” weisen, sou den Olaf Bandt, Chef vun der Ëmweltorganisatioun “BUND”. Si hunn d’Regierung opgefuerdert, 7 Regionalfluchhäfen zouzemaachen.
Si beurteelen d’Notze vun engem Fluchhafen, andeems si analyséieren, wéi wichteg dëse wier fir d’Wirtschaft, d’Wichtegkeet fir Fluchverbindungen an de politeschen Zweck, souwéi d’Entwécklung vun der Unzuel u Passagéier fir Fluchhäfen, déi vun 200.000 bis 3 Millioune Passagéier am Joer hunn. D’Fluchhäfen, déi analyséiert goufen, si Bremen, Dresden, Dortmund, Erfurt-Weimar, Frankfurt-Hahn, Friedrichshafen, Karlsruhe/Baden-Baden, Kassel-Calden, Memmingen, Münster/Osnabrück, Niederrhein-Weeze, Paderborn/Lippstadt, Rostock-Laage a Saarbrécken.
Nëmmen 3 vun deenen hätten ee politeschen Zweck, déi aner wieren all fir Vakanzendestinatiounen. Ënnert deene 7 Fluchhäfen, déi fir d’Ëmweltschützer sollen zougemaach ginn, zielt ënnert anerem och Frankfurt-Hahn.
De Verband vun de Fluchhäfen ADV huet dem Ganze widdersprach. Si bräichten d’Steiergelder, fir d’Sécherheetsmoossname kënnen op europäeschem Niveau ze halen. De polyzentresche Fluchhafen-System géing déi federal Struktur vun Däitschland reflektéieren, mat staarke Metropolregiounen a Wirtschaftszentren, sou e Spriecher vum ADV. Si hunn och drop opmierksam gemaach, wéi wichteg déi regional Fluchhäfe fir de Frachtverkéier a fir Betriber wieren an dass doduerch vill méi Sue géingen erakommen, wéi a Steiere gehollef géing ginn.