Kritik aus dem HandwierkssecteurEnergieminister: Fuerpark vu Betriber soll 100% elektresch ginn

Monica Camposeo
Dat huet den Energieminister Claude Turmes annoncéiert, fir eng nohalteg Relance vum Automobilsecteur ze ënnerstëtzen.
Fuerpark vu Betriber soll 100% elektresch ginn
Dat huet den Energieminister Claude Turmes annoncéiert, fir eng nohalteg Relance vum Automobilsecteur ze ënnerstëtzen.

Eng ganz Rei Primme sinn dofir och an d’Luucht gesat ginn. D’Ausso, en 100% elektresche Fuerpark vun de Betribsautoe wëllen ze promouvéieren, ass awer net bei jidderengem gutt ukomm.

D’Zilsetzung vun engem méi elektresche Fuerpark wier sécherlech sënnvoll, den Timing an de Kontext vun der Annonce aus dem Energieministère awer net.
Mir hätten am Fong éischter gär gehat fir d’Relance dans l’immédiat, well de Garage-Secteur wierklech a Schwieregkeeten ass, dass wa Leit en Auto kafen, dee manner Emissioune verbraucht wéi bis elo, dass een dann do déi 3.000 Euro Primm agesat hätt. Amplaz d’Elektroprimm eropzesetzen vu 5 op 8000.”, erkläert den Tom Wirion, de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers.

Et géingen och aner emissiounsaarm Autoe ginn. Elo, fir d’Relance eleng d’Elektromobilitéit ze promouvéieren, wier irresponsabel, heescht et aus dem Secteur.

Wa mer bedenken, dass mir 92% vun eise Ventë mat thermesche Motoe maachen. A mir hunn enorm Stocken an et kommen nach Stocke bäi, well mir ënnerschreiwe Verkafszuelen fir ee Joer. Da kann een dat net maachen. En Neistart heescht, dass d’Politik eis ënnert d’Äerm gräift an net, dass si eis nach niewebäi futti mécht.”, erzielt den Ernest Pirsch vum House of Automobile.

Wéi d’Autosgaragen nees opgemaach hunn, wier zwar gutt verkaf ginn, mä: “dat waren awer Leit, déi scho virum Confinement schonn Offere kruten. Den Ament muss ee soen, dass et zéiflësseg ass, wat d’Leit heibannen ugeet. Si loosse sech Offere maachen an iwwerleeën. Et ass jo normal, dass wann een an enger Kris ass, dass een da fir d’éischt Mol iwwerleet, ier een en Auto keeft.”, esou nach den Ernest Pirsch.

Vill Entreprisen hu schonn elektresch Déngschtautoen. Ma fir komplett ëmzeklammen, géing awer d’Infrastruktur feelen, kritiséiert d’Chambre des Métiers. An d’Offer: “Mir hunn 8.000 Camionnetten am Handwierkssecteur.” Déi géingen elo wuel kaum ëmklammen, well et net vill Modeller gëtt an et deier wier, well d’Betriber stéinge virun enger Kris.

Wat d’Infrastruktur ugeet, heescht et aus dem Energieministère op eng parlamentaresch Fro vu Mee 2020, dass 266 vun de 400 geplangte Borne schonn operationell wieren. An 93 vun 102 Gemenge kann een den Elektroauto oplueden. Weider Luedstatioune wiere scho konkret virgesinn, sou dass de Plang fir dëst Joer och soll agehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO