
Et ginn dann och elo vun der Regierung offiziell Chifferen, wat d’Hae vun dëse Beem, därer et der wäit iwwer 100.000 ginn, respektiv d’Sécherheet op de Landstroossen ugeet.
Sou goufen eleng zejoert eng ronn 100 Demanden autoriséiert, fir Beem laanscht Stroosse baussent Uertschaften ze haen. Dowéinst sinn och eng 300 Beem verschwonnen. 35 Demandë goufen net autoriséiert. Dat präziséiert de Mobilitéitsminister Bausch op Grond vun enger parlamentarescher Fro vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.
Eng aner Informatioun a Saache Verkéierssécherheet ass et, datt zejoert op Landstroossen op 20 Kilometer nei Leitplanke gesat goufen. D’Hallschent dovunner si Protektiounen, déi viru Stroossebeem installéiert goufen.
Ze präziséieren awer och, datt wéinst dem héijen Alter vu ganz ville Beem den Ofstand zur Strooss extrem kleng ass, sou dass et op ville Plazen guer net méiglech ass, eng Leitplank virdrun ze setzen.