
An de Méint Mäerz an Abrëll wier d’Zuel vun neien Immatrikulatiounen hei am Land ëm gutt 65% an de Keller gaangen, am Verglach zu de leschte Joren, schreift de Statec.
Dat ass eng Baisse, déi een u sech an der ganzer Eurozon observéiert huet, an déi et bis ewell um europäeschen Autosmarché zanter dem 2. Weltkrich net gouf.
