FebiacEt lafen Diskussiounen, wéini d'Showroome vun de Garagen nees kënnen opgoen

RTL Lëtzebuerg
Zanter Mäerz ass den Autosecteur wéinst der Corona-Pandemie ëm d'Hallschent agebrach.

An Europa sinn der Febiac, der Federatioun vun den Autoskonstrukteuren an den Importateuren zu Lëtzebuerg, no méi wéi eng 1.150.000 Persoune vun de Fermeture vun de Fabrécke betraff. D’Febiac geet an engem Schreiwes vun en Donneschdeg de Moien dovunner aus, datt méi wéi zwou Millioune Gefierer wéinst der Kris net konnte produzéiert ginn. Zanter e puer Deeg hätten awer eng Rei Konstrukteuren annoncéiert, datt si hir Produktioun nees progressiv eropfueren.

Och zu Lëtzebuerg. Wéi et vun der Febiac heescht, wieren d’Federatiounen den Ament am gaange mat der Regierung driwwer ze schwätzen, wéini d’Showroomen nees kéinten opgoen. Den Ament ass et schonn erlaabt fir Autoen ze liwweren, Pneuen ze wiesselen an Depannagen, Entretiensaarbechten an dréngend Reparaturen ze maachen.

D’Kris géif awer och Problemer mat sech bréngen wat d’Delaien vu verschiddenen europäeschen Reglementatiounen an Ofgasnormen ugeet well déi al Stocken net ecouléiert kënne ginn. Hei géifen d’Regierungen an d’Federatiounen awer mat der EU-Kommissioun iwwert méiglech Ajustementer diskutéieren.

PDF: Pressecommuniqué vun der Febiac

Back to Top
CIM LOGO