Elektromobilitéit an DäitschlandFinanziell Hëllef fir E-Autoen am Juli immens gefrot

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Autofuerer schéngen am Mount Juli vun dësem Joer op de Goût vun Elektroween komm ze sinn.
© AFP

Op jiddefalls ass d’Demande no finanziellen Hëllefe fir d’Finanzement vun E-Autoe bei eisen däitschen Noperen am leschte Mount staark geklommen. Dem Bundeswirtschaftsminiterium no goufe bal 20.000 Ufroe fir déi sougenannten Innovatiounsprimm gestallt. Insgesamt goufen domat bis elo bal 70.000 Demandë gestallt - dat si ronn 79% méi wéi an der nämmlechter Period zejoert.

Déi däitsch Regierung fërdert zanter Jore schonn de Kaf vun Elektro- an Hybridautoen, am Relance-Package am Kader vun der Coronakris goufen d’Primme verduebelt. Bis un d’Enn vun 2021 kënnen d’Keefer vun E-Autoe mat enger Primm vun 9.000 Euro rechnen, bei Hybridmodeller sinn et iwwerdeems 6.750 Euro.

Back to Top
CIM LOGO