
Dat deelt d’Berodungsgesellschaft EY en Donneschdeg op Grondlag vun enger Analys mat. Dëst wier den niddregste Stand zanter der Wirtschafts- a Finanzkris 2009.
Den Ëmsaz ass deemno ëm 9% zeréckgaangen, d’Zuel vu verkaaften Neiween esouguer ëm 21%. Ma och schonn zejoert hunn d’Konzerner eng Baisse vun 13% op de Gewënn erlieft.
Als profitabelsten Hiersteller gouf BMW aus Däitschland festgehalen. D’Marge louch beim bayreschen Autoskonstrukteur bei 5,9%, direkt hannendrun Toyota a Suzuki mat 5,4%, bezéiungsweis 5,2%.
Bei 4 Entreprisen ass de Gewënn geklommen: Tesla, BMW, Hyundai an General Motors.
