Malu DreyerGrenz mat Lëtzebuerg dierf net anescht behandelt gi wéi déi mat Belsch/Holland

RTL Lëtzebuerg
D'Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz Malu Dreyer wëll mam däitschen Inneminister Horst Seehofer iwwert d'Grenzkontrolle mat Lëtzebuerg schwätzen.

Et kéint net sou bleiwen, datt d’Grenze mat der Belsch an Holland anescht behandelt gi wéi déi zum Grand-Duché. Si wier awer zouversiichtlech, datt een an noer Zukunft kéint eng aner Léisung fannen.

Däitschland huet e Mëttwoch jo seng Grenzkontrollen zu Lëtzebuerg, Frankräich, Dänemark, Éisträich an der Schwäiz op en neits ëm 20 Deeg verlängert.

Déi däitsch Grenzen mat der Belsch an Holland si weider op. Méi wéi eng Dose Gemengen aus der der Lëtzebuerger-däitscher Grenzregioun hate sech jo offiziell via Bréif un d’Malu Dreyer adresséiert, fir en Enn vun de Kontrollen ze fuerderen.

20 weider Deeg: Däitschland verlängert d’Grenzkontrollen och mat Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO