Skurril Situatioune mam Vëlo”Grenzerfarungen” mam Marc Thoma

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Wochen ass de fervente Cyclist Marc Thoma laanscht eis Grenze mat Däitschland, Frankräich an der Belsch mat sengem Vëlo gefuer.

Dobäi ass eise Reporter um Terrain op Mënschen gestouss, déi an dëse Krisenzäiten hir eegen Erfarungen am Alldag un der Grenz maachen.

D’Covid19-Pandemie huet dozou gefouert, dass eis Nopeschlänner nees Grenzkontrollen agefouert hunn, déi virun allem de Passage an Däitschland an a Frankräich méi schwéier maachen.

De Marc Thoma ass deelweis op skurril Situatiounen gestouss, déi en eis a sengen dräi Reportagë virun Aen féiert.

Mam Vëlo am Grenzgebitt ënnerwee - Däitschland
De Marc Thoma ass deelweis op skurril Situatioune gestouss.
Mam Vëlo am Grenzgebitt ënnerwee - Frankräich
An der Lutte géint d’Verbreede vum Virus huet Frankräich e sougenannte Passéier-Schäin fir d’Areesen aus dem Ausland agefouert.
Mam Vëlo am Grenzgebitt ënnerwee - Belsch
148 km laang ass d’Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch vu Rodange bis Léiler.

Back to Top
CIM LOGO