20. bis de 24. JuliGrousse Chantier an der Rue de Mamer zu Kielen

RTL Lëtzebuerg
Vum 20. bis de 24. Juli gëtt zu Kielen an der Rue de Mamer geschafft. Vum 21. bis den 22. Juli ass d'Rue de Keispelt gespaart.
© Miguel Teirlinck / Unsplash

Chantier an der Rue de Mamer

Wéinst engem Chantier vum 20. bis de 24. Juli ass d’Rue de Mamer vu 07 bis 17 Auer just an eng Richtung op. Vun der Kierch bis bei d’Kräizung mat der Juddegaass ass den Accès gespaart.

Et ass donieft vun 07 bis 17 Auer op béide Säite verbueden ze parken, dat an der Rue de Mamer, an der Rue d’Olm (tëscht der Kräizung mat der Rue de Mamer an där mat der Juddegaas) an an der Juddegaass (tëscht der Kräizung mat der Rue d’Olm an där mat der Rue de Mamer).

Fir Camione mat Wueren iwwer 3,5 Tonnen ass eng Deviatioun iwwer d’Rue de Nospelt virgesinn.

D'Kaart vum Chantier am Detail.

Back to Top
CIM LOGO