BMWIwwer 20% manner Venten am 1. Trimester

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Corona-Situatioun geroden ënner anerem d'Autosconstructeuren a Schwieregkeeten, sou zum Beispill BMW.

Am éischten Trimester gouf et eng Baisse bei de Ventë vu méi ewéi 20%.

Am Februar ass de chinesesche Marché agebrach, am Mäerz dunn den europäeschen an den amerikaneschen. An Europa an an den USA gouf d’Produktioun gestoppt. An Europa sinn och 80% vun allen Händlerbetriber zou.

Back to Top
CIM LOGO