Urteel vum Bundesgeriichtshaff Keng Kompensatioun vu VW bei engem Diesel, deen no Hierscht 2015 kaf gouf

RTL Lëtzebuerg
Leit, déi VW ugeklot haten an hiren Auto nom Ofgasskandal vum Hierscht 2015 kaf hunn, kréie keng Kompensatioun.
© AFP

Dat huet de Bundesgeriichtshaff en Donneschden ugekënnegt. VW kéint vun Hierscht 2015 un net méi als schëlleg gesi ginn, well d’Firma du säi Verhale geännert hätt, sou de Riichter.

Wat Fäll ugeet, wou Leit virum Hierscht 2015 een Dieselauto kaf hunn, gesäit et ganz anescht aus. VW hätt bewosst seng Clientë getäuscht a muss dowéinst Leit eenzel kompenséieren. D’Kompensatioun gëtt berechent, andeems de Kafpräis an d’Kilometer vum Auto mat an Usproch geholl ginn. Sue kritt ee just erëm, wann een den Auto och mat ofgëtt. Heimat wieren deemno wéi méi ewéi 50.000 Ukloe géint VW schonn entscheet. D’Autosfirma wéilt net fir souvill Fäll all Kéiers eenzel op Geriicht.

Back to Top
CIM LOGO