6 Deeg an 19 Stonnen d'Joer am StauLëtzebuerg am weltwäiten "Traffic Index 2019" op Plaz 53

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg klasséiert sech am neisten "Traffic Index" vun TomTom op der weltwäit 53. Plaz. 163 Stonne steet een am Joer an eiser Haaptstad am Stau.
© RTL Archivbild

“TomTom” huet ëmgerechent: 41 Mutzen a 7 Pulloveren hätt een an där Zäit, an där een hei am Land am Stau steet, kënne strécken.

Traffic Data vu LëtzebuergOp engem Donneschdeg tëscht 17 a 18 Auer ass dee Moment an der Woch, wou am meeschte Stau ass. Dënschdegmoies ass och vill Gedrécks. Allgemeng ass owes nach e bësse méi Stau wéi moies.

Dee schlëmmsten Dag d’lescht Joer, wat de Stau ugeet, war den 11. November, do war Feierdag a Frankräich an et gouf 71% Stau. Am beschten ass et Chrëschtdag gerullt de 25. Dezember.

De Stau an der Stad Lëtzebuerg ass zejoert ëm 3% op an d’Luucht gaangen.

De kompletten Traffic Index 2019.

Back to Top
CIM LOGO