FindelLoftverkéier kënnt no Lockdown nees op Touren

RTL Lëtzebuerg
Zanter de leschten 2 Méint hunn d'Aktivitéiten um Findel nees ferm zougeholl. Wärend dem Lockdown waren d'Aktivitéite jo drastesch erofgaangen.
"Beweegungen" um Findel huelen zou
No dem Lockdown kënnt de Loftverkéier nees op Touren.

Zesumme mat der Administration de la Navigation Aérienne hu mir ee Bilan vun de leschte Méint gezunn.

Am Juli dëst Joer goufen et ronn 4.400 “Beweegungen” um Findel, wou et am selwechte Mount d’Joer virdrun nach eng 7.400 waren. Am Juni waren d’Aktivitéiten nach méi zeréckgaangen: dëst Joer just nach 2.800 “Beweegungen” géint eng gutt 7.400 d’Joer virdrun. Nom Lockdown ass de Fluchtrafic eben hei am Land nees zolidd eropgaangen.

De Lockdown um Findel war am Abrëll kloer ze spieren. Dat gesäit een och un de Passagéierzuelen: Am Abrëll sinn 128 Passagéier um Findel gelant oder do fort geflunn. De selwechte Mount d’Joer virdru waren et bal 400.000. Am Mee goufen et 1.800 Beweegunge géint 7.400 d’Joer virdrun. Iwwerdeems d’Zuelen um Findel extreem gefall sinn an de Lockdown-Méint, goufen Nuetsflich weiderhin assuréiert.

Wärend dem Lockdown sinn am Verglach zu zejoert 90 Prozent manner Fligeren europawäit geflunn. Zënter der Corona-Pandemie sinn awer nees méi Passagéierfligeren am europäeschen Himmel ënnerwee. De Fluchverkéier hëlt aktuell rasant zou. Ufank Juli hat Eurocontrol iwwer 90.000 Volle gezielt.

Dräi Airlinnen, déi wärend de leschte Méint am meeschte geflu sinn, ware Ryanair, Turkish Airlines, Wizzair, EasyJet an d’Lufthansa.

De Cargoberäich huet sech duerch de Lockdown erduerch gutt gehalen. Hei louchen d’Volumme souguer vu Mäerz un iwwert deene vum leschte Joer a sinn eréischt elo viru Kuerzem éischter liicht zréckgaangen. D’Cargolux war jo bekanntlech besonnesch sollicitéiert, fir am Ufank vun der Pandemie medezinescht Material op Lëtzebuerg ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO