Dës gi vu Ponts et Chaussées organiséiert an hunn de 15. Mäerz nees ugefaangen.
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de Maintenance- a Botzaarbechten an den AutobunnstunnellenEng speziell Botzfirma aus der Schwäiz - méi genee vun Zürich - ass dëse Mount hei zu Lëtzebuerg am Asaz. Et gëllt 25 Tunnellen a Wëldbrécken nom Wanter ze botzen.
Geschafft gëtt mat engem spezielle Produit, deen och ëmweltfrëndlech ass. Aus Sécherheetsgrënn ass et wichteg, Tunnelle reegelméisseg propper ze maachen. Zweemol am Joer gi gréisser Botz- a Maintenanceaarbechten an den Tunnellen organiséiert. Am Hierscht an ugangs Fréijoer.
An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg gouf an den Tunnellen Houwald an Cents geschafft. D’Autobunn war zu deem Ament Direktioun Stad gespaart.
Nieft der Schwäizer Botzekipp waren och Leit vu Creos um Dill. Si hunn d’Luuchte gebotzt a wann néideg och déi futtis Tüben ersat.
No de schroen Accidenter an Tunnellen Enn de 90er Joren am Gothar a Mont Blanc Tunnel ass eng europäesch Direktiv a Kraaft getrueden. Déi hält fest, datt zweemol am Joer d’Tunnelle musse kontrolléiert ginn.