Mam Vëlo vun Ëlwen op ClierfMat neier Unterfürung en éischten Deel vun der Streck ageweit

RTL Lëtzebuerg
Op der Gare zu Clierf gouf eng nei Unterfürung fir Foussgänger a Vëloen ageweit.
© MMTP

De Projet soll sou wäit goen, dass een herno vum Norde riicht duerch mam Vëlo an de Süde fuere kann. En Donneschdeg ass eng nei Unterfürung fir Foussgänger an Vëloe ob der Clierfer Gare ageweit ginn. A Präsens vun ënnert anerem dem Transportminister François Bausch.

Extrait François Bausch

„Dat hei sinn am Fong déi eicht honnert Meter vun enger ganz wichteger Vëlosstreck déi mer wëlle baue vun hei, vu Clierf op Ëlwen. Et ass am Fong d’Verlängerung vun der Vennbunn, et ass eng international Streck, déi vëlostouristesch gesinn extrem wichteg ass. Hei ass zwar keen onwichtegt Stéck, well et ass en Tunnel, dee gebaut ginn ass, ënnert der Eisebunn erduerch. Mä et ass awer wei gesot en wichtegen Deel vun enger Streck, wou mer elo am Hierscht, do hunn ech den Avant-Projet détaillé ganz fäerdeg fir déi Streck an da rappe mer u mam Bau an da soll aller spéitstens am Fréijoer 2023 déi ganz Streck vun Ëlwen bis op Clierf hei fäerdeg sinn.

D’Aarbechten um Tunnel hunn 1,2 Milliounen Euro kascht. Am Kader vum Vëlossummer kënnen d’Cyclisten dëse Weekend am Norden dann och vun der 27 Kilometer laanger Streck vu Géidgen iwwer Wäiswampech a Clierf op Äischer profitéieren.

© MMTP

PDF: Presse-Dossier mat allen Informatiounen

Back to Top
CIM LOGO