Gratis ëffentlechen TransportMéi Passagéier op der Beetebuerger Gare?

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis. Um Méindeg war deen éischte Schaffdag, wou een net méi huet misse bezuelen.
Gratis Transport: Méi Passagéier op der Beetebuerger Gare?
Zanter e Samschdeg ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis. Um Méindeg war deen éischte Schaffdag, wou een net méi huet misse bezuelen.

D’Frontalieren iwwerdeems mussen nach op hirer Säit e Billjee fir den Trajet bis op d’Grenz kafen. Do kéint et jo Sënn maachen, deemno wou een hannert der Grenz wunnt, mam Auto bis op déi éischt Lëtzebuerger Gare ze fueren a vun do aus op d’Schaff ze fueren. E Méindeg de Moie fréi um 6.30 Auer war scho Beweegung um Parking virun der Beetebuerger Gare. Ween eng Plaz wollt fannen, huet misse bis ganz hannenaus fueren. Wiertes huelen an der Moyenne eng 8.600 Leit den Zuch vu Beetebuerg a Richtung Stad. Dorënner och Frontalieren aus Frankräich an Däitschland, déi dat awer scho méi laang als Gewunnecht hunn.

De gratis ëffentlechen Transport bereet hei munch engem Suergen, d’Zich wären iwwerfëllt. Anerer si besuergt, datt se moies nach éischter op d’Gare komme mussen, fir iwwerhaapt nach eng Parkplaz ze kréien. E Méindeg de Moie wär et awer u sech nach zimmlech roueg, esou de Constat vu verschiddene Passagéier, mat deene mer geschwat hunn.

Iwwerfëllten Zich goufen et der e Méindeg vereenzelt, virun allem aus Frankräich. Dagdeeglech kommen ëmmerhin 10.900 Passagéier aus dem Hexagon iwwer d’Beetebuerger Schinnen an d’Land. Dat motivéiert verschidde Leit, och weiderhin zu Lëtzebuerg fir 1.-Klass-Ticketen ze bezuelen. Anerer freeë sech, all Mount Suen ze spueren.

Ob um Méindeg um 1. Schaffdag mat gratis ëffentlechem Transport méi Leit den Zuch geholl hunn, kann een nëmme schätzen. Der CFL no, wär et nach vill ze fréi, eppes iwwer de generellen Impakt ze soen.

De Parking virun der Beetebuerger Gare fir säin Deel, war e Méindeg de Moien um 7.30 Auer scho strubbelvoll. Datt déi 311 Plazen net genuch sinn, ass ee sech bei den CFL bewosst. D’Etüde fir en Ausbau wieren am gaangen, krute mer op Nofro confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO