Och a Corona-ZäitenMotorradfueren als Fräizäitaktivitéit ass zu Lëtzebuerg erlaabt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg nach hat de Minister op enger Pressekonferenz gesot, datt d'Motosfuerer net als Fräizäitaktivitéit ugesi gëtt.

An de soziale Medien zirkuléiert e Message vum Transportministère, wou confirméiert gëtt, datt en Tour mam Motorrad als individuell Fräizäitaktivitéit ugesi gëtt.

Dat Ganzt huet de Ministère juristesch préiwe gelooss an et koum een zu der Konklusioun, datt, wa Leit eleng mat hirem Motorrad ënnerwee sinn, een dëst och als “activité de loisir” ugesäit an dat domadder och mat den aktuelle Mesurë am Kader vum Coronavirus erlaabt ass.

Weider heescht et op Nofro vun RTL aus dem Ministère, datt de Motocyclist eben hei eleng soll ënnerwee sinn an een de Social Distancing permanent, och an de Pausen, muss anhalen.

Ursprénglech war d’Motorrad, genau wéi de Vëlo an den Auto och, als Transportmëttel geduecht, fir vun doheem op d’Aarbecht, respektiv op all déi aner Plazen, wou ee sech dierf ophalen, ze kommen.

Nodeems et eng rei Ufroe gouf, huet den Transportminister François Bausch dës nach eng Kéier mat der Regierung gepréift an zesumme mam Justizministère koum een zur Konklusioun, datt Motosfuerer ënnert d’Kategorie “Loisir” fält an dëst domadder erlaabt ass, esou wéi et am Artikel 1 vum Règlement Grand-ducal vum 18. Mäerz 2020* steet: “les activités de loisirs en plein air à titre individuel ou limitées aux personnes qui cohabitent, sans aucun rassemblement.”

Mir sinn an enger änlecher Situatioun wéi beim Vëlo. Beim Motocyclist, dee jo eleng fiert a mam Casque, besteet elo net de grousse Risiko, dat kéint een sou interpretéieren.” huet de François Bausch erkläert.

Et ass och erlaabt, sech mam Auto op eng Plaz ze deplacéieren, fir vun do aus spadséieren ze goen.

*portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19

Back to Top
CIM LOGO