Webinar VëloenNächst Etapp ass néideg, Foussgänger a Cycliste musse méi Prioritéit kréien

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de Stater Gemengeconseiller an Deputéierte François Benoy an engem online Seminär mat der Bréisseler Mobilitéitsministesch Elke Van den Brandt.

Si huet iwwert d’Erfarunge geschwat, déi een elo wärend dem Confinement an der Haaptstad gemaach huet a seet d’Mobilitéit hätt komplett gedréint.

Elke Van den Brandt

Zu Bréissel ass den ëffentleche Raum zu 70 Prozent fir de privat Auto reservéiert, ma et hätt ee missen op déi nei Situatioun reagéieren. Et wier nämlech zu bizare Situatioune komm. D’Trottoire wieren dacks voll gewiescht, d’Stroossen dogéint eidel. Virun allem am banneschte Réng ëm d’Alstad sinn d’Trottoire schmuel. Wann Autoen op de Stroossen ënnerwee sinn, ass et deels onméiglech, 1,50 Meter Ofstand tëscht de Foussgänger anzehalen.

Elke Van den Brandt

Elke Van den Brandt
Elke Van den Brandt

Dowéinst goufen ënnert anerem temporär Vëlospiste geschaaft. Donieft goufen zu Bréissel d’Verkéiersluuchten ëmgestallt, esou datt d’Foussgänger an d’Cycliste méi laang gréng hunn. Och Foussgänger dierfe sech freeën. De sougenannte “Pentagon” dierf elo komplett vun de Passante benotzt ginn, net just d’Trottoiren. Autoen, Busser, Camionen an d’Stroossebunn hunn elo net méi Virrang a mussen op Mënsch a Vëlo oppassen. Héchstens 20 Stonnekilometer sinn an der belscher Haaptstad erlaabt.

Back to Top
CIM LOGO