Groussen InfrastrukturprojetNei Y-Bréck vum Houwald op de Ban de Gasperich

Maxime Gillen
Nom Pont Buchler vun der Gare op Bouneweg, steet deen nächste groussen Infrastrukturprojet op der Streck vum Tram a Richtung Gaasperech an de Startlächer.

Chantier Houwald / Reportage Maxime Gillen

Am Hierscht soll de Projet fir eng Bréck iwwert d’Eisebunn vum Houwald bis op Gaasperech ausgeschriwwe ginn.

Nom Chantier um Pont Buchler hu virum Summer och d’Aarbechten un der neier Nationale 3 ugefaangen, déi vum Pont Buchler aus zu Bouneweg laanscht d’Eisebunn leeft, fir vun do op de Rangwee ze stoussen. Vun do geet et dann entweder duerch den Tunnel an de Rond-point Gluck oder iwwert d’Rue des Scillas op den Houwald erop. Den Tunnel fir an de Rond-point soll am Kader vun dësem Projet méi breet gemaach ginn an och d’Rue des Scillas soll nei amenagéiert ginn, erkläert den Infrastruktur- a Mobilitéitsminister François Bausch.

„An elo kënnt dee véierten Deel, dee leschten Deel an deem komplizéierte Puzzelstéck. Dat ass eng Bréck ze bauen, déi eriwwer geet vum Houwald an de Ban de Gasperich, fir de Lien ze maache fir den ëffentlechen Transport, de Foussgänger an de Vëlosfuerer, dass een am Fong vun där neier Gare Houwald, vum Houwalder Deel an de Ban de Gasperich kënnt.“

Fir den Accès op dës Bréck hunn an der Rue des Scillas schonn eng Rei Butteker misse Plaz maachen.

„Dat ass eng Y-Bréck, déi gebaut gëtt, wou riichtaus virgesinn ass den Tram, deen dropgeluecht gëtt, eng Busspuer, Foussgänger, Vëlo. Firwat Y? Ma well mir eng Ofzweigung bauen och nach fir de Foussgänger an de Vëlo eriwwer, well do deen neie Lycée Technique du Centre hikënnt. Also dat ass schonn en opwännege Brécken-Bauprojet vun enger neier Bréck, déi do wäert gebaut ginn um Houwald. An dat ass dann dee véierten a leschten Deel, ier mir dann op Gaasperech kommen, wou de Stroossereseau jo scho gebaut ass, wou da just nach mussen d’Gleiser geluecht ginn a Richtung Cloche d’Or.“

De Chantier fir déi nei Bréck géif den Autosverkéier am Fong net stéieren, esou de Minister weider. Et misst ee sech just mat der Eisebunn ofstëmmen.

„Wat méi schwiereg ass, dat ass natierlech d’Aarbechten an der Rue des Scillas, wou Autostrafic ass. Déi Aarbechten, déi do sinn, déi wäerte méi komplex ginn an do hu mir eis och missen enk ofschwätzen zum Beispill mat Chantieren, déi d’Gemeng Hesper huet op anere Plazen, dass mir net ze vill Reseauen do zoumaache ginn. Mä dat hei si ganz, ganz wichteg Projeten, fir dass dee ganze Komplex Houwald/Ban de Gasperich, wou enorm gebaut ginn ass, fir dass dat endlech ka funktionéieren.“

De Chantier fir d’Bréck soll ronn annerhalleft Joer daueren an eng 7 Milliounen Euro kaschten.

PDF: Alternativ vum Projet Pont Buchler

Back to Top
CIM LOGO