
Alternativen zum Auto an zum Fliger sollen ausgebaut ginn. En neien, éisträicheschen Nuetszuch, “Nightjet” genannt, vu Wien huet e Méindeg de Moie Bréissel erreecht.
Um 10.55 Auer ass en zu Bréissel ukomm. U Bord eng Rei Europadeputéiert an och de Chef vun der éisträichescher Bunn. Knapp 14 Stonnen huet den Zuch gebraucht.
U Bord war och den EU-Ambassadeur Martin Selmayr. D’Streck wär ausbaufäeg, huet hie gesot. Hien hätt gutt geschlof, e gudde Kaffi kritt, mä et géif nach ze laang daueren. Kee Wifi u Bord a just zwou Verbindungen d’Woch.
D’Rees am Schlofwagon Wien-Bréissel ass mat 40 Kilo Kuelendioxid méi klimafrëndlech wéi e Vol mat 410 Kilo.