Wat maachen Airlinen, wa se net kënne fléien? Eigentlech dat, wat mir alleguer maachen: Aarbechten, déi laang virdru geplangt ware mol erleedegen a sech och scho virschaffen an der Maintenance. An natierlech och plangen, fir wann de Betrib erëm opgeet.
Fligere kann een net einfach emol zwee Méint parken wéi en Auto. An och Pilote musse per Gesetz eng gewëssen Zuel u Stonne fléien. Wéi packt een déi Erausfuerderung iwwer Wochen? A wéi preparéiert een d’Reprise, wann nach kee weess, wéi a wouhin een iwwerhaapt Passagéier fléien dierf? Mir hunn bei der nationaler Airline nogefrot, wéi d’Situatioun den Ament ausgesäit.
