
Dat fir engersäits Leit vu baussen de Wee an d’Stad via ëffentlechen Transport méi einfach ze maachen an anerersäits d’Infrastrukturen un d’Entwécklung vun där Géigend an deene leschte Joren unzepassen.
Op der Streck tëscht den Op- an Offaarte vun der A1 um Sennengerbierg an dem Findel muss een als Automobilist zu de Spëtzenzäiten dacks vill Gedold hunn. Fir dass de Verkéier hei an Zukunft soll besser fléissen an och d’Autobunn nach besser un déi nei Busgare, dee geplangte Park & Ride an den Tram ugebonne gëtt, soll dës Streck vun zwou op véier Spueren ausgebaut ginn, esou den Infrastruktur- a Mobilitéitsminister François Bausch.
„An da ginn och d’Echangeure vun der Autobunn Richtung Pôle d’échange vum Park & Ride, déi ginn natierlech och mat ëmgebaut, well mir hätte jo gären, dass déi Autoen, déi aus dem Oste kommen, also zum Beispill aus Däitschland erof kommen, wann déi do sollen den Tram huelen, fir duerno an d’Stad ze fueren, an an de Park & Ride fueren, dass déi net duerch Uertschafte fueren, mä dass si do kënnen direkt vun der Autobunn an de Park & Ride fueren.“
Domat kéim een elo esou lues un déi jeeweileg Enner vun der Tram-Streck.
„Mir kommen elo wierklech an d’Schlussphas vun deenen zwou groussen Extensioune vum Tram, engersäits op de Findel an anerersäits op d’Cloche d’Or. Mä wat ëmmer och multimodal verbonnen ass, dat heescht et geet net nëmmen ëm den Tram, mä et geet ëmmer och dann dorëm, wéi kréien ech den Individualverkéier dohinner? Wéi kréien ech de Bus dohinner? Wou kréien ech meng Park & Riden hin? Fir dass herno alles zesumme ka funktionéieren.“
Fir dass den Tram awer iwwerhaapt mol bis op de Findel kënnt, lancéiert Luxtram selwer, och geschwënn nach e gréissere Chantier um Kierchbierg.
„Parallel dozou ass Luxtram am gaangen de Cahier de charges fäerdeg ze maachen, fir d’Ausschreiwung, déi och am Hierscht wäert lancéiert ginn. Dat ass fir d’Bréck ze bauen, fir den Tram vum Kierchbierg, vum Centre de remisage, wou en elo ophält, fir e vun do eriwwer ze bréngen, iwwert d’Autobunn op déi aner Säit vun der Autobunn, fir vun do aus kënne weider ze fuere Richtung Findel.“
Den Amenagement um Sennengerbierg soll fir den Hierscht ausgeschriwwe ginn an eng 3 Milliounen Euro kaschten.