
Luxtram schafft do um Tronçon a Richtung Gare vum Stater Tram.
An enger éischter Phas bis November dëst Joer gëtt un den ënnerierdesche Reseaue geschafft. Da vun November bis dat anert Joer am Mäerz gëtt un de Stroosse geschafft, parallel zu der Finalisatioun vun de Schinnen.
Bis Juni/Juli 2021 gëtt un de Stroosse ronderëm d’Paräisser Plaz geschafft. De Chantier géif esou organiséiert ginn, dass d’Caféen a Restauranten d’Méiglechkeet hätten, hir Terrassen opzemaachen. Esou heescht et nach am Communiqué vu Luxtram.